Mitglied
- Beitritt
- 13.10.2019
- Beiträge
- 5
- Anmerkungen zum Text
Der Text ist in Luxemburger Sprache verfasst. Es handelt sich um eine Amsel, die aus dem Garten ins Glas einer Veranda geflogen und dabei umgekommen ist. Der Autor sagt sich am Schluss, dass es beinahe geboten ist, zweimal zu schlucken, wenn die Flügel einer Amsel so schwer geworden sind als wären sie aus Blei.
D'Märel
E Knuppert. Eng Märel ass widdert d’Glas vun der Veranda geflunn. De schwaarze Vullekierper läit um Réck. Eng onnatierlech Positioun. Kaze leien um Réck. Hënn, wann se wëlle geheemelt ginn. Awer eng Märel sëtzt um Bam a päift. Mueres fréi. Elo: d’Patten, déi sech lues no ënne bewegen, erofhänken. Dann: keen Zidderer méi an de Krallen.
Meng Mamm ass entsat. »Dat arme Béischt!« Mengem Brudder ass et egal: »Hätt sollen oppassen!« Mäi Papp geet an d’Garage a sicht no enger Gaardenhändschen. Meng Schwëster ass net doheem.
Ech weess net, wat ech denke soll. Déi aarme Märel? Wou koum se hir? Vum Äppelbam? Vum breeden, plakegen Aascht uewen aus dem Kiischtebam? Wou wollt se hinn? Sécher net riicht an d’Veranda fléien. Oder dach? »Bummm!«, e bësse mëll, matscheg war de Klank. D’Märel läit um Réck. Um giele Schniewel liicht e roude Punkt. D’A sinn zou.
Sinn ech sentimental? Et däerf ee roueg zweemol schlécken, wann d’Flilleke vun enger Märel schwéier ginn ewéi Bläi.